Bienvenue
BIENVENUE UM PITSIT!
an häerzlech wëllkomm! herzlich willkommen! welcome!
am pitliteraturhaus.
kuck do, no fënnef joer (wou den héil opgehaang gouf), krut et net nëmmen eng nei fass, mee gouf vun uewe bis ënne renovéiert an ausgebaut. de keller gouf geraumt (alles schéin an eng këscht gepak), an et koumen nei zëmmeren bäi. d'fënsteren kruten en neien ustrach, mee stinn ëmmer nach op d'welt op - a fir iech steet ëmmer eng dier op! de virgäertchen gouf och gekappt, d'pittblummen konnten awer stoe bleiwen. an ënnenan gouf e klenge bicherbuttek ageriicht. mat engem rayon "poesie" an engem cd-shop. hei kënnt dir bestellen, wat iech grad feelt. an e stack méi héich kënnt dir eng kosettchen halen... wann dir e bësse contact sicht. eng grëtz lecture ass och derbei, fir dem dag en neien dréi ze ginn, firwat net. a wann dir en neit kapitel ufänke wëllt, da fannt dir iech vläicht am "blog-notes" erëm.
hei an do nach e klenge schantjen... well d'handwierker sinn ëmmer nach am haus. mee hu versprach, an deenen nächsten deeg fäerdeg ze ginn...
SOEBEN ERSCHIENEN - ELO DO!
- in die augen, in die ferne, still ins ohr -
jetzt hier kaufen - oder in Ihrer buchhandlung!
bonne lecture!
Letzte Beiträge
Neu im Handel
Gepost: 3:03 Thu, 31 October 2019mehr lesen
Soeben erschienen
Gepost: 2:21 Thu, 31 October 2019mehr lesen
2 nei bicher
Gepost: 2:21 Thu, 31 October 2019mehr lesen