inter/national & local PITLITerature

Bienvenue

um pitsit

äre schreifatelier
mat fréijorslecture

versioun 2.0.
nei këschten a vill neits
an alle rubriken

*
   *        *  
 
 
    

Dëst ass dat klengt PITLITERATURHAUS.

E virwëtztutenhaus wéi et am buch steet.

an all diere stinn iech elo grouss op.

An all zëmmer ëmmer eppes neits,
fir ze kucken, ze liesen. an ze läuschteren.
an der entrée scho virwëtz
an deene ville këschten,
a vun der BicherKichen iwwer d'BiblioThéik
an de Liessällchen äppelschnëtz
bis zum pittblummemound an der daachliicht.

Op all stack och blummen
(just am trapenhaus e blummestack),
well 't ass och e blummebuttek
fir äre bicherbouquet do.
grad wéi e virwëtztutevirgäertchen,
wou dir iech d'onkräut aus dem häerz rappe kënnt.
an e bléien- a bliedercherskiosk kënnt gläich no,
mat engem präbblisstänner.

Iwwerall och lies- a schreifdëscher
a still fir eng nei säit opzeschlon,
an dee vun de blummen e liesbännchen.
an hannert dësem an deem kapp
stécht och eppes méi,
fir mol eng aner vue ze kréien...

A vläicht ass d'viischt dier hei schonn
eng Porte-Bonheur,
wann dir s'opmaacht, an iech mat,
fir en tour duerch d'(PIT)LITERATUR
um web an am buch.
eng koppel, déi sech (hei) fonnt huet.
bonne lecture!


PITLIT
wéi gedréckt
...

en erlieSnes!

de pitsit och e wip -
e work in progress.


Gluecksritter
en zweete fabësch fränz
die schönheit des verlierens
Paris-Londres
Transit
© copyright by Pit Hoerold - hosted and developed by creatX idea factory s.à r.l.